Waat steet un?

26/09/2009: Derbytime: ASW vs Green Boys

Fir desen Event organiseiren Green Fanatics 1 Bus, am leiwsten 2 wan mer sou vill Leit zesummen kreien.
No deem groussen Erfolleg vum läschte Joër wu mer den Bus strubbelvoll haten, welle mer eis dest Joer nach steigeren: eist Ziel sen 2 Busser!

Detailer iwer den Horraire an wei eng Dierfer/Plaatzen ungefuer gin, kommen sou seier wei meiglech no!
De Präiss leit pro Persoun bei min. 5€

Unmellen iwer:

-Facebook beim Claude Stork oder Max Schiltz
-scheckt eng Mail un Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spam Bots geschützt, Sie müssen JavaScript aktivieren, damit Sie es sehen können oder Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spam Bots geschützt, Sie müssen JavaScript aktivieren, damit Sie es sehen können   
-oder per Sms um 661890504

05/04/09: Auswärtsrees op Luerentzweiler 

Och géint Iechternach wueren mir Fanatics rem présent an hun eis net vun deem villen Geschwetz irriteiren geloss mat deem mir konfrontéiert wueren.
Eis Präsenz ob den Matcher ass eng zousätzlech Motivatioun fir eis Green Boys an genau déi brauchen sie och um Auswärtsmatch zu Luerenzweiler.

Dofir ass RDV en Sonndig den 5. Abrëll um 14:30 um Schumann fir all Green Fanatic an all Frënn vun den Green Boys! Mir organiséiren eis dan do fir mat eisen Autoen ob Luerenzweiler ze fueren an eis Équipe ze ennerstetzen.
Avis aux amateurs!!!

PS: Denkt drun eng Memberskaart vun den Green Fanatics `77 ze kaafen, ween keng huet ass selwer Schold!!!

1/12/2008: Nordderby an der Coupe: GB'77- FC Wiltz'71


Salut léiw Supporteren,

                                  wéi jiddereen wees, an der Coupe as alles méiglech. Mir wellen fiir desen Match e puer Saachen organiseiren, op dei ech speider nach mei genau agoen wärt. Fiir datt wirklich jiddereen fir desen Match agestemmt as treffen mir ais um 13:00 Auer beim Jeanne zu Harel, soudatt mir ais Stemmbänner direkt vun Ufank un voll belaaschten kennen. Mir vum Fanclub hoffen dass sech vill Leit motiveiert kreien deen Daag op Harel zekommen an zesummen mat ais d`Greenboys unzefeiren!

Sou lo zu deenen geplangten Aktiviteiten:

  • Mir hun 30 Nikolausmutzen bestallt, natirlech an gringer Faarw gehaal an verkaafen dei fir 5€/Mutz
  • Während der Woch eventuell d'Molen vun Sprechbänner
  • Opriichten vun enger Musikanlaag (Alaafmusik, asw...)
  • Presentatioun vum Green Fanatics 77-Logo
  • Massive Verkaaf vun den Apres-Ski-Tickets virun an nom Match


Bis dann!

28/09/2008: Echternach, wou lait daat?

Fir d' Greenboys och beim Auswärtsmatch en Sonndig zu Echternach ze ennerstetzen, bidd den nach inoffiziellen Fanclub eech d' Meiglechkeet un, mat hinnen op de Match ze fueren.

Rendez-vous as um 14:00 Auer um Schumann (Parking). Den Trajet leeft per Auto of.

Wen nach weider Froen hott, deen scheckt eng Email op pit_backes [at] greenboys.net !

MfG

De Fanclub

21/09/2008: Mam Bus op Wentger!

Bus.jpgWell zu Wentger wierklech all Manngebraucht gett, stellen d'Spiller vun der eischter Equipe hieren Supporteren een Bus zur Verfügung mam Pit Backes a Schmir als Reiseleiter!

Den Trajetass deen heiten:

Kaunref (14:00)
Schumann/Parking (14:07)
Beiwen/Gemeng (14:13)
Harel/Jeanne (14:23)
Eeschpelt/Bushaischen (14:27)
Donkels/Bushaischen (14:34)
Pommerloch/Bushaischen (14:38)
Schumann/Denkmal (14:41) 
Wiltz/Lann (14:45)
Wentger (15:10) an selbstverständlech den emgedreinten Wee fir zreck!

Den Bus fiert speitstens annerhallef Stonn no Spillschluss rem zreck Richtung Harel.


Bilan:

De Bus wor voll, bis op dei letzt Setzplatz ausgebucht, an den Terrain zu Wentger relativ eindeuteg an onser Hand! Schued datt et net mam Resultat geklappt hott, mais RV am März -> do gin dei Oranje platt gemeet an aller Hinsicht!

pano_535.jpg
 
Momentan 18 Visiteuren online

1 118 823 Besicher

YeloBau.jpg

Asport
tomcar.jpg
bley.jpg
CGAtelier.jpg
Simon Pils
Immotion Sàrl - Bureau immobilier
kaufman_biesen.jpg
Logo_Home_Invest.jpg
adidas.jpg