| Regelwierk |
Green Boys-Tippspill powered by
|
|
Resultat |
Mein Tipp |
Punkten |
|
2-1 |
2-1 |
5 |
|
2-1 |
3-2 |
3 |
|
2-1 |
3-1 |
2 |
|
2-1 |
0-1 |
0 |
|
1-1 |
2-2 |
3 |
|
1-1 |
2-2 + J |
6 |
Zousatz-Tippschain:
Richtegen Meschter: 10 Pkt
Richtegen Zweeten : 6 Pkt
Richtegen Dretten (Barragematch) : 5 Pkt
Richtegen Ofsteiger / Barragist: 3 Pkt
Hareler Goalgetter: 6 Pkt
Hareler Top-Scorer (meescht Goalvirlagen): 5 Pkt
Richteg Goalzuel: Gett berücksichtegt, wa méi Leit dei selwecht Punktzuel hun.
Den Joker
Pro Spilldaag kann een op eng Partie dei een sech eraussicht een Joker setzen.Bei deser Partie gin dei errechent Punkten verduebelt! ( PS: 2 mol 0 = 0 )
Tippasiicht.
D'Tippen vun deenen aaneren Spiller können nom Tippoofgabeschluss agesin gin!
Nach e puer Infoen zum Spill.
An der Rubrik Weekend-Gewenner gin dei bäscht Lait festgehaalen, dei op engem Weekend dei meechten Punkten gemaach hun. Um Enn vun der Saison kritt de Gewenner aus deser Rubrik och eppes ausbezuelt. (Also, nie opgin bis de läschte Spilldaag).
Sollten hei 2 oder mei Spiller dei selwecht Punkten hun, dann gett gekuckt, wien vun deenen Lait daat 2 bäscht Weekendresultat erzielt huet, etc.
Praiss-Verdeelung vum Spill fannt dir an enger zoustänneger Rubrik. Des Rubrik gett nach online gesaat.
Den Match kent reicht an d'Wertung, wann den Arbiter den Match ofgepaff huet.
Den Datum fir d'Reklamatiounen betreffend de Spillausgang vun desem Spill ass den 5.6.2011.
Bei den Ofsteiger/Barragisten geet et duer, wann een déi richteg Equipe getippt huet. D'Reihenfolg spillt hei keng Roll.
Wann um Enn vun der Saison 2 Spiller punktglaich mat den Zousaatz-Tippen leien, dann gett Goalzuel geholl, fir erauszefannen, wéi eng Plaatz een beleet an der Ofschlosstabell. Goalzuel kann iwwerbueden gin.
Sollt dann mat der Goalzuel nach keen Gewenner ermettelt sin, dann gett de Gewenn, falls een um Spill steet fir dei Plaatzen zesummen gezielt an duerch dei jeweileg Persounen gedeelt.
Goalzuel sin dei geschosse Goaler aus der ganzer Divisioun vun der Saison 2010/2011.
Sollt e Match ofgesoot gin, dann gett d'Tabell ouni deen Match errechent. Soubaal de Match da widderholl gett, gett d'Tabell rem aktualiseiert.
Wann et 2 Goalgetteren gin, an et sollten 2 Matspiller oder mei Matspiller dei och getippt hun, dann kritt een dei Punkten natirlech och gudd geschriwwen.
Waat kann een gewannen?
De ganze Pott gett önnert de Bestplazeierten verdeelt. Selbstverständlech hänken dei eenzel Montant'en stark vun der Partizipatiounszuel oof.
Kann een während der Saison ophaalen an den Asaatz remkreien?
Ophaalen Jo, Asaatz remkreien, Nee! Den Asaatz ass am Pott a gett um Enn vun der Saison önnert de Gewenner verdeelt.
Divers.
Kontosnummer vum Spill: LU46 0019 3600 1768 6000
Dest ass d´Kontosnummer vum FC Greenboys Harlange-Tarchamps.
Als Kommunikatioun gelt: 'Cotisatioun Tippspill 10/11'
Emailadress vun onsem 'Supervisor':
Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spam Bots geschützt, Sie müssen JavaScript aktivieren, damit Sie es sehen können
Kontrolleiert wgl no der Veröffentlechung vun den Zousatztipper är Tipper, op alles richteg ass.
Dest Regelwierk ass zesummegestallt gin vun de Jungs vun http://www.tippmanager.lu/.
Mir hun et just, mat hierer Erlabnis e bessi fir ons Besoin'en emmodeleiert!












